De 17. Mee ass internationalen Dag géint Homophobie, Transphobie a Biphobie. Och hei zu Lëtzebuerg sinn Aktioune geplangt.

De 17. Mee ass den internationalen Dag géint Homophobie, Transphobie a Biphobie. Zënter 2005 gëtt et dësen Dag. Zil vun der weltwäit duerchgeféierter Aktioun ass d’Akzeptanz vun all de Mënschen anzefuerderen, egal wéi eng sexuell Orientéierung se hunn. Den Datum gouf als Erënnerung un den 17. Mee 1990 gewielt. Op deem Dag hat d’Weltgesondheetsorganisatioun decidéiert, Homosexualitéit vun der Lëscht vun de Krankheeten ze sträichen.

Während am westleche Raum d'Homosexualitéit zum Alldag gehéiert, ass et an anere Länner vill manner akzeptéiert. Ënnert anerem zu Lëtzebuerg oder an Däitschland ass et akzeptéiert, a Russland ass et zwar legal, mä gesellschaftlech een absoluten Tabu. Och wann a ville Länner d’Toleranz an d’Akzeptanz do ass, ginn et awer weiderhin och Situatiounen an deen aner Gender eben net gläichgestallt behandelt ginn. Homosexuell Männer ass et zum Beispill an e ganze Koup Länner nach ëmmer net erlaabt Blutt ze spenden, och hei net. An der Belsch gëtt d’Gesetz jo lo iwwerschafft.

Rosa Lëtzebuerg, de Cigale a Kooperatioun mat Amnesty Lëtzebuerg an der ASTI organiséieren eng Aktioun an der Stad an der Groussgaass déi vun e Mëttwoch de Moien 10h00 bis Mëttes 13h00 ass.

Lauschtert hei d'Reportage: