De 16-järegen Davis Cripe huet bannent zwou Stonnen ze vill Koffein zou sech geholl. Ee Kaffi, een Energydrink an eng Limonade mat Koffein.

Enn Abrëll ass de 16-järegen Schüler Davis Cripe a senger Klass am US-Bundesstaat South Carolina kollabéiert. Eng Stonn drop war hien dout. D‘Doudesursaach war een Häerzstëllstand. De Bouf hätt deemno ze vill Koffein gedronk, also Kaffi an Energy Drinks.
Den Dokteren no wier et fir d’éischt zu Häerz-Rhythmus-Steierunge komm. De 16 Järegen hätt deemno bannent zwou Stonnen dräi mol ee koffeinhalteg d‘Gedrénks consomméiert. Ee Kaffi, eng Fläsch Limonade wou Koffein dra war an een Energydrink, an dat wier deemno ze vill fir de jonke Kierper gewiescht. Dem Gerichtsmediziner Gary Watts no hätt de Bouf déi 3 Saachen ze séier bannent ze kuerzer Zäit gedronk.

An den USA sinn an de leschte Méint eng ganz Partie Jonker wéinst ze héijem Koffein-Konsum gestuerwen. Ëmmer nees warnen Dokteren an Anerer virun dem ze héije Konsum oder de Mix vun Energydrinks a Kaffi.

Déi europäesch Autoritéit fir Liewensmëttelsécherheet kuerz EFSA Recommandéiertes fir Erwuessener een Dageskonsum vu maximalen 400 Milligramm Koffein. Dat entsprécht eng 4 bis 5 Taasse Kaffi oder aacht Taassen Téi. Wichteg ass et dat ganzt a Moossen ze consomméieren.

Lauschtert hei d'Reportage: