Esou d'Conclusioun aus dem Happy Planet Index. De Problem ass den Ëmweltschutz, deen der Etude no zu Lëtzebuerg ze knapp kënnt.

Den Index ass souzesoen en Indicateur fir d’Zefriddenheet an engem Land z’ermëttelen. En gouf vun enger britescher an US-amerikanescher Fondatioun an d’Liewe geruff. D’Etude analyséiert eben da verschidde Critèrë wéi zum Beispill den PIB oder d’Nohaltegkeet vu verschiddene Länner ronderëm d’Welt an zitt doraus da wéi eng Auswierkung déi eenzel Critèren op d'Zefriddenheet vun de Leit an de Planéit hunn.

Wéi schneit da Lëtzebuerg of?

Op verschiddenen Niveaue ganz gutt awer allgemeng katastrophal, well mer landen op der 139. Plaz... vun 140.

Wat ass gutt zu Lëtzebuerg?

Mat der Liewenserwaardung leie mer nach op der 16ter Plaz mat 81,1 Joer.

Wat d'Wuelbefannen ugeet och op der 16. Plaz.

Wat d'Inegalitéit tëscht räich an aarm ugeet, géif een jo elo mengen, datt den Ënnerscheed frappant ass. Ma nee, Lëtzebuerg lant op der 6ter Plaz an a just 5 Länner ass den Ënnerscheed méi kleng.

D'Bierger profitéierte vun enger héijer Liewenserwaardung an enger héijer Liewensqualitéit.

Fazit: Um sozialen Niveau positionéiert sech d'Land also ganz gutt.

Kritik um Land

Firwat Lëtzebuerg sou schlecht ofschneit, läit der Etude no un e puer Saachen.

Zum groussen Deel happert et am Land nämlech nach beim Ëmweltschutz. Wéi zum Beispill den héijen Undeel vun Autoen op eise Stroossen beweist. Lëtzebuerg huet der Etüd no, nämlech am europäesche Verglach deen héchsten Undeel vun Autoe pro Awunner. Och d'Consommatioun vun der Energie ass fir d'Gréisst vun eisem Land iwwerproportional héich. Doriwwer eraus wier der Etude no, och just 1% vun der Surface vum Grand Duché Naturschutzgebitt.

Lëtzebuerg huet, wat säin ekologesche Foussofdrock ugeet, dem "Happy Planet Index" no also nach vill ze ënnerhuelen.

Déi zum Deel grausam Resultater op dësen Niveaue suergen dann dofir, datt Lëtzebuerg am Ranking ganz déif lant.

Op der Nummer 1 lant Costa Rica an Zentralamerika.