Mam Fëmmen ophalen, dëse Wonsch hu vill Mënschen, dacks aus gesondheetleche Grënn. Trotz Warnhiweiser op den Zigarettepäck fëmmen der awer trotzdem vill.

All Joers stierwe weltwäit ronn 7 Millioune Mënschen un de Suitte vum Fëmmen. Esou heescht et lo am neie Rapport vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO deen en Dënschdeg erauskomm ass. Dat am Kader vum internationalen Dag géint d’Fëmmen deen um Mëttwoch ass.

Am Rapport gëtt och ënnerstrach dat d’Fëmmen net nëmmen ee gesondheetlechen negative Facteur wier mä och een negative Wirtschaftsfacteur. D’Suitte vum Fëmme géifen 1,25 Billiounen Euro kaschten, dat wieren 1,8 Prozent vum weltwäite PIB. Also Leit déi duerch d’Fëmme krank ginn.

Der WHO ass et natierlech wichteg nach méi op d’Gefore vum Fëmmen opmierksam ze maachen. Et wëll een dann elo nach méi Verbueder vun Tubaksreklammen an et wëll een och nach méi Fëmmverbueder an der Ëffentlechkeet an op der Aarbechtsplaz. Eng Mesure déi net genuch agesat géif ginn, mä eng vill méi grouss Wierkung hätt, wier d’Zigaretten an aner Tubaksproduiten duerch méi héich Steiere méi deier ze maachen, esou de Vize-Direkter vun der WHO.

D’Weltgesondheetsorganisatioun huet am Rapport dann och eng éischte Kéier d’Suitte fir d’Ëmwelt beliicht. Dem Rapport no sinn d’Suitte vum Fëmmen déi heefegst Aart vun Offäll weltwäit. Se géife méi wéi 7.000 gëfteg chemesch Produiten hunn déi d’Ëmwelt vergëften, dorënner och kriibserregend Stoffer. Donieft wier den Tubaksubau mat responsabel fir d’Verschwanne vun de Bëscher. Pro 300 Zigarette geet ee Bam verluer, esou d’Experte vun der WHO.

Zu Lëtzebuerg fëmme ronn 20% vun de Leit. Eng Zuel déi zënter leschtem Joer kaum erofgaangen ass, esou d’Fondation Cancer an hirer neister Etude, déi TNS Ilres duerchgefouert huet. Suerge mécht een sech virun allem ëm déi jonk Erwuessen, also tëscht 18 a 24 Joer. Hei sinn d’Konsumenten nämlech nees an d’Luucht gaangen a representéieren elo erëm déi Schicht vun der Populatioun, wou am meeschte gefëmmt gëtt.

En Donneschdeg gëtt iwwregens an der Chamber een neit d'Fëmmgesetz gestëmmt dat d'Zuel vun den Fëmmerten reduzéiere soll. De Verkaf vun Tubak u Jugendlecher ënner 18 Joer soll verbuede ginn. Bis ewell louch d'Grenz bei 16 Joer. Donieft soll verbuede ginn, an der Géigend vun enger Spillplaz ze fëmmen oder bei enger Sportshal, an där Jugendlecher ënner 16 Joer Sport maachen.

Lauschtert hei d'Reportage: