D'Thema vun de Flüchtlinge schéngt an der Press eng ëmmer manner wichteg Roll anzehuelen... De Problem ass awer nach ëmmer sou reell wéi d'anert mol.

Och wann et net méi sou vill an de Medien ass wéi dat emol de Fall war, ass de Problem vun de Flüchtlingen awer nach ëmmer sou reell wéi en virun e puer Méint war. Riets geet natierlech vun de Flüchtlingen aus Syrien, déi nach ëmmer musse viru Gewalt an Terror fortlafen. Haut um Weltflüchtlingsdag denkt een natierlech besonnesch un dës Leit, déi alles anescht wéi en einfacht Liewen hunn…

Den Institut CARE huet an der Nuecht vun e Méindeg op en Dënschdeg eng Rei Zuele publizéiert. 82% vun de syresche Flüchtlingen, déi an d’Nopeschland Jordanien geflücht sinn, liewen ënnert der Aarmutsgrenz. Eng aner Etude mam Numm „Seven years into Exile“ weist ganz kloer, dass no 7 Joer op der Flucht, d’Aarmut vun dëse Leit leider an d’Luucht gaangen ass an dass och d’Hëllefsleeschtunge fir déi Leit kontinuéierlech an d’Luucht gaangen ass. 40% gi souguer un, dass dës Hëllefsleeschtungen hier eenzeg Ressource ass, dat wiere ganzer 7% méi wéi nach am Joer 2016.

Et ass dann och schwéier ouni Akommes aus där Spiral aus Aarmut a Verscholdung erauszekommen, esou och CARE a sengem Rapport. A Jordanien ass dann och nach d’Geschlechterroll eng aner…. Hei muss dacks d’Fra finanziell fir d’Famill opkommen, meeschtens ass d’Mamm och deen eenzegen deen nach kéint fir d’Kand opkommen. Dëst suergt natierlech fir zousätzlechen Drock.

78% vun hinnen hunn keng Aarbecht, nëmmen 1/5 Syrier hunn a Jordanien eng Aarbechtserlaabnis.  Grond heifir sinn déi extrem schwéier Konditiounen sou eng Erlaabnis ze kréien.  89% hunn da massiv Scholden, dat well d’Käschte fir Wunnen, Iessen a Medikamenter an d’Luucht schéissen.

Lauschtert hei dat Ganzt am Audio: