An den USA gëllt Fentanyl zënter e puer Joer als déi geféierlechst Drog um schwaarze Marché. Lëtzebuerg gouf bis ewell verschount.

Fentanyl gëtt u sech als staark Péngmëttel agesat, virun allem an der Kriibstherapie a Palliativmedizin. Mä de vollsyntheteschen Opiat huet an de leschte Joeren ëmmer méi ee schlechte Ruff als illegaalt Rauschmëttel kritt.

Wéi gesäit et hei zu Lëtzebuerg aus, gëtt et ee Problem? Dat wollt den Deputéierte Gusty Graas vun der Gesondheetsministesch Lydia Mutsch an enger parlamentarescher Fro.

D’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch schreift an hirer Äntwert dat ee Mëssbrauch vu Fentanyl hei zu Lëtzebuerg bis ewell keen Thema wier. Deemno gouf Fentanyl bis ewell nëmme seelen an Drogeprouwe fonnt, déi regelméisseg am Staatslabo analyséiert ginn.

Lëtzebuerg huet ee Fréiwarnsystem dee sécherstelle soll,. dass d’Disponibilitéit vun neie Substanzen um schwaarze Marché méiglecht zäitno erkannt gëtt. Dozou gi vun der Police séchergestallten Drogen, mä och gebrauchten Injektiounsprëtzen analyséiert. Do dernieft gi Prouwen iwwert de Projet „Pipapo“ beschafen, an deem sengem Kader Konsumenten hir Substanzen anonym teste loosse kënnen, ouni mam Gesetz a Konflikt ze geroden.

An den USA ass Fentanyl als Drog e grousse Problem. Organiséiert Verbriecherbande hu virun 11 Joer ugefaangen de schwaarze Marché mam geféierleche Stoff ze iwwerschwemmen, hirgestallt an Drogelaboen a Mexiko.

Mat der Verbreedung an den USA ass dann och d’Zuel vun de sou genannte Fentanyl-Affer an d’Luucht gaangen. Den Opiat soll 50 mol méi staark wéi Heroin sinn, mä leider och méi bëlleg, an e gëtt dacks als Heroin verkaf.

Lauschtert hei d'Reportage: