Den "Asteroid Day" gëtt den 30. Juni fir déi éischte Kéier vu Lëtzebuerg aus an Honnerte Länner iwwerdroen.

Den 30. Juni ass den internationalen Dag vun den Asteroiden, de sou genannten "Asteroid Day". Dësen Dag gouf réischt 2016 vun den Vereenten Natiounen als Dag vun der Bildung unerkannt. Op dësem Dag wëll een also weltwäit iwwer Asteroiden informéieren an diskutéieren. Eng éischte Kéier vu Lëtzebuerg aus, an Honnerte Länner iwwerdroen. Am Mëttelpunkt steet d'Gefor vun Asteroiden déi an d'Äerd kéinte knuppen. Et wëll ee keng Panik verbreeden, mä sensibiliséieren. Ënnert anerem maache Fuerscher, Experten an Astronaute mat. 24 Stonne laang gëtt Live iwwerdroen.

Erënnert gëtt un dësem Dag och un den Asteroiden-Aschlag a Sibirien an der Tunguska-Regioun den 30. Juni 1908, wou iwwer 2.000 Quadratkilometer Bëschfläch zerstéiert ginn ass. Den Asteroid hat een Duerchmiesser vun 30 bis 40 Meter.

De ganze Programm a weider Informatioune fannt dir op asteroidday.org.