Zwee Groussaktionären hunn Apple opgefuerdert eppes géint d'Croissance vun de Jugendlechen ze maachen, déi Smartphone-Süchteg sinn.

Apple soll 2 Groussaktionären no méi responsabel a Saache Smartphone-Sucht ginn. Dëst huet de „Wall Street Journal gemellt. D'Aktionären hätten deemno verlaangt, dass den Technik-Ris eng Software entwéckelt, mat där Elteren d'Dauer fir d'Notzung kënnen aschränken.

Donieft soll Apple ënnersiche loossen, wéi sech iwwerméissegt Notze vu Smartphonen op d'Gehir auswierkt.

Mam Virstouss wëllen d'Aktionären un déi sozial Responsabilitéit vun Apple appelléieren. Wéi et an engem oppene Bréif heescht, kéint Apple eng wichteg Roll an deem Prozess spillen.