Et ass déi gréissten High-Tech-Foire vun der Welt an och Lëtzebuerg ass mat 8 Entreprisë vertrueden.

D'CES zu Las Vegas dauert vun den Dënschdeg bis de Freideg. 2017 huet d'Foire ganzer 184'000 Visiteuren ugelackelt. Fundsquare, Postmii, CoinPlus, Carpay-Diem, Aiva, Virtelio, VR Time Travel a Motion S. heeschen d'Lëtzebuerger Projeten, déi bei där éischter Participatioun vum Grand-Duché op der CES wäerten dobäi sinn. D'Bandbreet geet dobäi vu virtueller Realitéit iwwer Fintech bis hin zu Mobilitéitsdéngschtleeschtungen.

Musek vum Computer komponéiert

Déi éischte war scho viru ronn engem Joer emol am Gespréich an zwar ass et AIVA, also den Artificial intelligence virtual Artist. Esou heescht och de Programm vun der Entreprise mam selwechten Numm. An dee Programm hat eng komplett Ouverture fir de Virprogramm vun Nationalfeierdag geschriwwen. Déi kënschtlech Intelligenz gëtt fir d’éischt mat ronn 15’000 Stécker gefiddert. En Algorithmus mécht dann aus de geléierte Stécker en neit. Natierlech kann de Programm awer och fir d'Soundtracks vu Filmer, Videospiller oder Reklammen agesat ginn.

Gemittlech aus dem Auto eraus bezuelen

CarPay-Diem ass dann e Service, deen de Moment och zu Lëtzebuerg opgestallt gëtt an deen et an der Belsch, Frankräich an Däitschland scho gëtt. Hei geet et drëms, dass een sech via Smartphone oder dem Auto mat der Tanksail ka verbannen an da ganz einfach ka bannent dem Auto bezuelen an d'Informatioune kann ofliesen.

Eng aner Entreprise mam Numm CoinPlus, erméiglecht et ganz einfach kënnen a Crypto-Währung ze investéieren, dëst mat Hëllef vu Barren, ähnlech, wéi een se bei Gold-Barren huet. D'Code sinn dobäi op deene Barren agravéiert. Et muss een deemno kee Compte opmaachen oder Software installéieren.

© coinplus.com

Zukunft a Vergaangenheet vu Stied als VR-Erliefnis

D'Digital Devotion Group ass fir d'Entwécklung vum VR Time Travel responsabel. Mat Hëllef vu virtueller Realitéit ass et den Notzer méiglech eng Randonnée mat engem Gefier duerch eng Stad an der Vergaangenheet ma och an der Zukunft ze simuléieren. D'Entreprise hat jo schonn eng Randonnée konzipéiert, dëst duerch de Pafendall wéi en 1886 war.

Dann hu mir nach Fundsquare, dëst ass eng Plattform, déi d'Gestioun vun Investmentfongen soll vereinfachen, dëst ënner anerem duerch sougenannte Blockchains.

D'Entreprise Motion S stellt donieft Fuer-Informatiounen an Daten fir Versécherungsentreprisen a Fuerer bereet, nach während déi fueren. Esou kënnen dann z.B. perséinlech Profiller vum Chauffer erstallt ginn.

© motion-s.com

Personaliséiert Kaarten direkt vun der Plaz verschécken

An dann hu mir nach Postmii. Hei kënnen Touristen hir eege personaliséiert Kaarten nach an der Vakanz duerch de Postmiibike, en autonomen a solarbedriwwenen dräiriederege Won, printe loossen. D'Kaart gëtt dann nach den Owend selwer vun der Plaz, op där een ass, verschéckt.

An zum Schluss hu mir nach Virtelio. Dëst ass eng Software, mat där een interaktiv Filmer mat virtueller Realitéit a mat multipellen Erzielunge mat nëmmen e puer Klicks ka realiséieren.