Fuerscher aus China hunn erausfonnt, dass Nuetsschichten relativ schlecht fir d'Gesondheet sinn an dat majoritär fir Fraen.

An der Nuecht ze schaffen an de Biorhythmus domat komplett ëmzestellen erhéicht der Etüd no de Kriibsrisiko bei Fraen. Wuelgemierkt geet hei vu reegelméissegen Nuetsschichte riets. An dat och majoritär fir Fraen aus Europa an Nordamerika.

Risiko ass 19% méi héich

Fraen, déi nuets schaffen hätten deemno e 19% méi héije Risk u Broscht-, Mo-, oder Hautkriibs ze erkranken, wéi Fraen, déi den Dag iwwer schaffen. Dëst soen op mannst d'Auteure vun der Etüd vun der Universitéit Sichuan a China, déi an der US-Fachzeitung "Cancer Epidemiology, Biomarkers and Prevention" publizéiert gouf.

An Australien an Asien net de Fall

Fraen aus aneren Deeler vun der Welt schéngen dovun awer net betraff ze sinn. An Asien an Australien konnt dësen Ënnerscheed z.B. net festgestallt ginn. An dat huet esouguer d'Fuerscher iwwerrascht.

Eng méiglech Erklärung dofir kéint de Fuerscher no sinn, dass Fraen an Europa an Nordamerika méi en héijen Niveau u Sexualhormonen hätten, déi mat hormonell bedéngte Kriibsaarte wéi Broschtkriibs an Zesummenhang stinn.

Et sief gesot, dass fir dëst Etüd Date vun zesummen 3,9 Millioune Fraen a bal 115'000 Kriibsfäll ausgewäert goufen, dëst natierlech och mat Hëllef vun aneren schonn duerchgefouerten Etüden.

Infirmièren déi Beruffsgrupp mam héchste Risk

Weider hunn d'Fuerscher erausfonnt, dass de Risk bei verschiddenen Zorte vu Kriibs besonnesch héich ass.

Bei Hautkriibs wier de Risk ëm 41% méi héich, bei Broschtkriibs ëm 32% a bei Mokriibs ëm 18%. An d'Fuerscher konnten och eng Beruffsgrupp ausmaachen, déi besonnesch menacéiert wier, an zwar Infirmièren. Déi hätten deemno en ëm 58% erhéichten Risk u Broschtkriibs ze erkranken. Dobäi muss een awer och soen, dass sech d'Infirmièrë wéinst hirem medezinesche Wëssen méi dacks ënnersiche loossen an domat méiglecherweis och méi dacks eng Kriibsdiagnos gestallt kréien. Doriwwer eraus hunn d'Auteuren dorop verwisen, dass Nuetsschichten méi intensiv kéinte sinn, wéi Dagesschichten.

Dat heescht d'Resultater vun der Etüd weisen, dass Programmer fir de Gesondheetsschutz vu Fraen, déi nuets schaffen néideg sinn, esou d'Fuerscher nach. Fraen missten also reegelméisseg medezinesch kontrolléiert ginn.