Mat enger Ausnam gesinn déi verschidden Acteuren eng komplett Vitesslimitatioun op de Landstroossen zu Lëtzebuerg éischter skeptesch.

Den Dënschdeg gouf offiziell matgedeelt, dass d'Vitesse op de franséische Landstroosse vun 90 op 80 Stonnekilometer erofgesat gëtt. Zil vun där Reegelung ass et d'Zuel vun de Verkéiersdoudegen drastesch erofzesetzen. Vum 1. Juli u gëllt déi nei Vitesslimitatioun an dem Premier Edouard Philippe no kéinten esou tëscht 350 a 400 Liewen d'Joer gerett ginn. Elo war esou eng Limitatioun jo och schonn hei am Land am Gespréich.

Sécurité Routière argumentéiert ähnlech wéi franséisch Regierung

Deemools hat sech déi meeschten Acteure géint esou eng Limitatioun ausgeschwat.

No enger Rëtsch schroen Accidenter hate mir am September schonn emol nogefrot, ob dat och eng Méiglechkeet fir Lëtzebuerg wier. Ma et war nëmmen d'Sécurité Routière, déi sech fir esou eng Reegelung ausgeschwat hat.

Mir haten dofir mam President vun der Sécurité Routière, Paul Hammelmann geschwat. An deen huet ähnlech ewéi déi franséisch Regierung argumentéiert.

Hei d'Reaktioun vum Paul Hammelmann!

Nëmme partiell Vitesslimitatiounen

Déi aner Acteuren hunn sech awer éischter dogéint ausgeschwat, respektiv skeptesch gewisen. A wat si am September schonn emol gesot haten hunn si och elo nach emol dem Wort géintiwwer confirméiert.

An zwar war et esou, dass déi meescht gesot hunn, dass vir d'éischt emol aner Facteure berécksiichtegt misste ginn. A beim Ministère a beim ACL war een sech eens, dass eng generell Baisse vum Tempo op 80 Stonnekilometer fir de Moment net de richtege Wee wier, dëst awer mat Aschränkungen, dat heescht d'Strecken ze analyséieren a wann néideg do Vitesslimitatiounen anzeféieren, wou et dann eben néideg ass.

Am September hat sech jo eng Aarbechtsgrupp zesummegesat fir ënnert anerem iwwer d'Limitatioun vun de Vitesse op de Landstroossen ze schwätzen. Wéi de Ministère elo dem Wort géintiwwer gesot huet wier een nach bei der Analys vun de verschiddenen Ofschnëtter. Wann do e Bedarf géif bestoen, da géif een op deene spezielle Plazen d'Vitesse erofsetzen.

Lëtzebuerger si skeptesch

Och d'Lëtzebuerger haten sech relativ skeptesch géintiwwer esou enger Baisse gewisen.

Net nëmmen op Facebook gouf vill doriwwer diskutéiert. Fir vill Leit war d'Erofsetze vun der Vitesse vun 80 op 90 Stonnekilometer onnëtz.

Lauschtert hei d'Meenung vun de Lëtzebuerger!

An och d'“Association nationale des victimes de la route“ huet dem Wort géintiwwer gemengt, dass vir d'éischt aner Facteure berécksiichtegt misste ginn, dorënner méi Policekontrollen op de Landstroossen.