Op de Macron a Frankräich oder d'EU, déi géint Polen oder Ungarn virginn... Human Rights Watch lueft d'Oppositioun géint Populismus.

Wann et ëm Europapolitik gëtt, ass, virun allem an de leschten 1-2 Joer ëmmer nees d’Wuert Populismus gefall. Ganz kloer ass och en Opflame vu populistesche Stréimungen an der EU ze constatéieren. Dass Europa e Problem huet, ass also evident, majo méi wichteg ass et Human Rights Watch no awer, wéi ee mat dësem Problem eens gëtt…. An hei huet d’Organisatioun ganz gutt Notte verdeelt.

Wéi den Direkter vun Human Rights Watch, de Kenneth Roth betount, wier 2017 e Beweis dofir, dass eng kloer Linn géint Populismus Succès kann hunn.  An direkt e puer Länner hätte souwuel Politiker wéi d’Zivilgesellschaft Widderstand géint esou Stréimunge geleescht. Wou et e Widderstand gouf, do wier et dann och méiglech gewiescht de Populismus ze bremsen, esou de Roth weider, deen ënnersträicht, dass de Populismus 2016 nach vill méi staark opgekeimt ass, wéi zejoert.

Frankräich bezeechent Human Right Watch als decisiivt Element bei dësem Bilan. Hei hat de momentane President Emmanuel Macron sech jo ganz kloer an däitlech géint d’Politik vun der Rietspopulistin Marine Le Pen ausgeschwat. Haass géint Moslemen an Immigranten huet hie jo eendeiteg ugeprangert.

Awer och d’EU als ganzt gëtt gelueft, hei waren et virun allem Verstéiss géint d’Grondrechter a Polen an Ungarn déi Bréissel jo kritiséiert huet. An och Journalisten, Affekoten, Riichter an Aktivisten an den USA hätten Human Rights Watch no de Schued vum US-President Trump senger Politik a Grenze gehalen.

Obwuel et Luef fir d’USA gouf, gëtt d’Land awer och zäitgläich dofir kritiséiert, dass de Populismus awer zu groussen Deeler mam Trump als President gewonnen. D’nämmlecht d’Situatioun a Groussbritannien, wou jo fir e Brexit gestëmmt gouf. En anert Beispill ass d’Tierkei, wou no a no Grondrechter systematesch ofgebaut ginn.

An och vis a vis dem Emmanuel Macron ass ee bei Human Rights Watch mëttlerweil nees manner gutt agestallt…Virun allem déi méi streng Anti-Terror-Gesetzer an d’Migratiounspolitik gi kritiséiert.