D'Ongläichheet op der Welt ass och 2017 weider gewuess...

Pénktlech fir de Weltwirtschaftsforum en Dënschdeg zu Davos an der Schwäiz huet d’Hëllefsorganisatioun Oxfam elo hiren neiste Rapport iwwert d’Ongläichheet an der Welt publizéiert. Geännert huet sech leider Gottes net ganz vill, ausser dass d’Ongläichheet och 2017 nees weider gewuess ass.

Mëttlerweil hunn déi 42 räichste Mënschen op der Welt esou vill Verméigen, wéi déi 3,7 Milliarde Mënschen, déi am mannsten huet, also wéi d’Halschent vun der Populatioun déi am mannste Verméigen huet. Dass dat alles anescht wéi ausbalancéiert ass, brauch een engem net ze erkläerten.

Nach ni goufen et op der Welt esou vill Milliardären. 2017 läit een hei bei 2043 Milliardären, wat der 233 méi si wéi nach am Joer 2016. 82 Prozent vum weltwäite Wuesstem sinn zum Beispill an d’Täsche vum räichste Prozent op der Welt gaangen.

Och den Undeel vu Leit, déi souvill verdénge wéi di äermsten Halschent vun der Welt gëtt ëmmer méi kleng, et ginn also ëmmer manner Milliardäre gebraucht, fir dëse Montant zesummenzekréien. 2009 huet een nach 380 Milliardäre gebraucht, dës Zuel ass an de leschte Jore konstant erof gaangen, bis elo just nach 42 Milliardären.

Op der enger Säit gëtt vun Oxfam ënnerstrach, dass dës Situatioun keen Naturgesetz ass, mee dass ëmmer nach politesch Decisiounen dës Situatioun begënschtegen. Dohier gëtt onbedéngt geroden, dass grouss Entreprisen a räich Mënschen hir Steiere richteg bezuelen.

Virun allem Entwécklungslänner missten nämlech ënnert dëse Steiervirdeeler leiden. Op der anerer Säit gëtt och gefuerdert, dass souwuel Frae wéi Männer fair a d'nämmlecht misste bezuelt ginn an et misst generell méi Geld fir d’Educatioun an d’Gesondheet ausgi ginn.

Iwwregens ginn et och gutt Noriichten: Anescht wéi d’Verméigen, soll d’Akommes weltwäit méi gerecht verdeelt gi sinn, wéi nach am Joer 2016. Virun allem a Länner wéi China oder a Lateinamerika.