Iwwer 600 Milliounen Dollar huet de Film agespillt, ma bei de Kritiker koum de Film net esou gutt un a gouf direkt fir 9 gëllen Hambieren nominéiert.

No de Golden Globes stinn elo d'Oscare virun der Dier. An zwar de 4. Mäerz. Mä virdrun ass traditionell nach e bal esou wichtege Präis drun, nämlech d'Gëllen Hambier. An do sinn elo d'Nominatiounen eraus.

9 Negativ-Nominéierunge fir Transformers V

An ee Film gouf direkt an 9 Kategorien nominéiert. Et ass e Film, dee beim Publikum immens gutt ukomm ass an iwwer 600 Milliounen Dollar agespillt huet. Mä dass d'Zuschauer an d'Kritiker heiansdo e komplett anere Goût hunn ass jo gewosst a seet villäicht och dat eent oder aner iwwer Sënn an Zweck vum Filmkritiker aus.

Op all Fall ass de Film iwwer dee mir schwätze vu genee där Gild an der Loft zerrappt ginn. An zwar geet vum 5 Deel vun der Transformers-Rei mam Ënnertitel The Last Knight riets.

Dee gëtt an der Lëscht och nach am Geck als Transformers 17 opgelëscht – wuel e bësse fir de Geck mat der Tendenz an Hollywood ze maache fir all Film, dee gutt leeft, nach direkt e puer Fortsetzungen hannendrun ze hänken.

Vill Fortsetzungen an Nei-Verfilmungen

87 vun den 100 finanziell erfollegräichste Filmer d'lescht Joer solle Fortsetzungen oder Nei-Verfilmunge gewiescht sinn. Op mannst wann een der Jury vun der Gëllener Hambier gleewen dierf. Ma komme mir nach eng Kéier zu Transformers: An 9 Kategorien ass de Film wéi gesot nominéiert an zwar ënner anerem als „schlechtste Film“, de Mark Wahlberg als „schlechtste Schauspiller“ an de Michael Bay als „schlechtste Regisseur“.

An der Kategorie "Schlëmmsten-Ecran-Combos" gëtt Transformers 17 iwwerdeems fir all Kombinatioun vun 2 Mënschen, 2 Roboteren oder zwou Explosiounen opgeféiert.

Fifty Shades of Grey a Pirates of the Caribbean och nominéiert

An der Kategorie „schlechtste Film“ sinn donieft nach Baywatch, Fifty Shades of Grey, Emoji - De Film an Die Mumie nominéiert. Wat d'Kategorie „schlechtste Schauspiller“ ugeet ass de Mark Wahlberg natierlech och net eleng. Hei ass och den Johnny Depp am 5. Deel vu Pirates of the Caribbean, d'Katherine Heigl an Unforgettable, d'Dakota Johnson am 2. Deel vu Fifty Shades of Grey nominéiert.

Doriwwer eraus trëfft et och d'Jennifer Lawrence a Mother, d'Emma Watson an The Circle, den Tom Cruise an Die Mumie an den Zac Efron a Baywatch.

Wien deen net esou wierklech populäre Präis dann elo genee kritt, gëtt traditionell en Dag virun den Oscare bekannt ginn. Dëst Joer also den 3. Mäerz.