Den ACL späert sech net géint Mesuren, déi d'Sécherheet op de Stroosse verbesseren, mengt awer, dass méi repressiv Moossnamen de falsche Wee sinn.

Ufank vum Joer gouf jo offiziell matgedeelt, dass d'Vitesse op de franséische Landstroosse vun 90 op 80 Stonnekilometer erofgesat gëtt. Zil vun där Reegelung ass et d'Zuel vun de Verkéiersdoudegen drastesch ze reduzéieren. Vum 1. Juli u gëllt déi nei Vitesslimitatioun an dem Premier Edouard Philippe no kéinten esou tëscht 350 a 400 Liewen d'Joer gerett ginn. Och hei gouf jo schonn iwwer dës Méiglechkeet op mannst haart nogeduecht, elo huet den Automobilclub op en Neits op d'Mesuren a Frankräich reagéiert.

Limitatioun nëmmen op bestëmmte Strecken

Scho bei där éischter Diskussioun war kloer, dass sech déi meeschten Acteuren, mat Ausnam vun der Sécurité Routière eens waren, dass eng generell Baisse vun der Vitesse kee Sënn géif maachen. Wéi gesot geet hei vun enger genereller Baisse riets, eng Limitatioun op eenzele Strecken wier awer duerchaus am Beräich vum Méiglechen huet et vum Ministère an och vum ACL geheescht.

Mä elo huet den Automobilclub jo nach emol déi eege Positioun erkläert.

Net einfach Decisiounen aus Frankräich iwwerhuelen

Virop deelt den ACL mat, dass een d'Decisioun a Frankräich d'Vitesslimitte op ronn 400'000 Kilometer Landstrooss ëm 10 Stonnekilometer erofzesetzen matkritt hätt. Duerno heescht et, dass een sech ni géint Verännerungen, déi eng Amelioratioun op de Lëtzebuerger Stroossen mat sech bréngen, gespaart hätt. Ma et géif net duergoen, einfach d'Decisiounen aus anere Länner an nationaalt Recht ëmzesetzen – ënner anerem och, well d'Decisioun a Frankräich net onëmstridde wier.

D'Argumentatioun ass do ähnlech, wéi se och bei villen hei am Land ass: Een dee renne wëllt, léisst sech dovun net duerch eng Limitatioun ëm 10 Stonnekilometer ofhalen.

Strecken eenzel analyséieren

Dem ACL no misst donieft och d'Eegenschaft vun de verschiddene Landstroosse gekuckt ginn. Et wier esou, dass déi all ënnerschiddlech wieren, dofir misst een all Streck eenzel kucken a wann néideg dann eben do d'Vitesse jee no der Geféierlechkeet erofsetzen. An Dänemark z.B. wier op verschiddenen, als sécher klassifizéierte Strecken, d'Geschwindegkeet vun 80 op 90 eropgesat ginn. Tester iwwer 3 Joer hätte gewisen, dass dëst keen Impakt op d'Sécherheet gehat hätt. Donieft hätt dës Mesure dozou bäigedroen, dass de Verkéier méi flësseg funktionéiert hätt.

Den ACL huet an deem Sënn vun engem exzellente Beispill fir d'Roll vun der Infrastruktur fir d'Sécherheet op der Strooss geschwat.

Ëmstänn ronderëm Accidenter besser analyséieren

Den Automobilclub huet donieft awer nach betount, wéi wichteg et wier, dass d'Ëmstänn vun déidlechen oder schwéieren Accidenter misst ënnersicht ginn an dass duerno doraus déi néideg Conclusioune misste gezu ginn. Als Beispill: Während an aneren EU-Länner eng vun den Haaptursaache fir Accidenter e Mangel un Opmierksamkeet wier, géif dës Ursaach net an den Top 4 vun de Grënn opgefouert ginn, déi all Joer vun de Lëtzebuerger Autoritéite géife genannt ginn. E Beweis fir den ACL, dass d'Analysen, op déi een duerno d'Mesure géif baséieren, net duerginn.

An dofir ass den ACL der Meenung, dass et méi Sënn géif maachen an Analysen an an den Amenagement vum Stroossereseau ze investéieren, amplaz déi repressiv Mesurë weider ze verstäerken.