Wéinst den atomare Menacen gouf déi symbolesch Weltënnerganksauer den Donneschdeg ëm 30 Sekonnen no vir geréckelt.

Féieren Atomwëssenschaftler hunn den Donneschdeg un der sougenannter „Doomsday Clock“, also der Weltënnerganksauer gedréint an déi 30 Sekonnen no vir gestallt.

2 Minutte viru Weltënnergank

Domat steet d'Auer elo op 2 Minutte viru Mëtternuecht.

Dat ganzt ass natierlech eng symbolesch Aktioun, mä de Wëssenschaftler no ass d'Welt hirer eegener Zerstéierung d'lescht Joer e gutt Stéck méi no komm.

Als Grond hunn si d'Méiglechkeet ënner anerem vun engem Atomkrich awer natierlech och d'Onberechenbarkeet vum US-President Donald Trump genannt.

Nuklear Themen hunn Aktualitéit bestëmmt

A wien e bëssen d'Noriichten d'lescht Joer matkritt huet, dee weess, dass d'Joer vun nuklearen Theme bestëmmt gouf. Beispiller wieren hei d'Rakéitentester an Nordkorea, eng Hausse vum nuklearen Engagement vu China, Pakistan an Indien an natierlech d'Menacen ënner anerem via Twitter vum US-President.

© Brendan Smialowski / AFP

Esou no virum „Doomsday“ wéi nëmmen eemol virdrun

A sou no viru Mëtternuecht, also der „Stonn Null“ war d'Auer eréischt eemol virdrun, an zwar am Joer 1953, wéi d'Sowjetunioun an d'USA Waasserstoffbomme getest hunn.

D'Auer gouf 6 Joer virdrun, also 1947 an d'Liewe geruff, zanterhier huet sech d'Auerzäit 20 mol geännert, fir d'lescht, wéi den Donald Trump d'lescht Joer d'Amt vum US-President iwwerholl huet.

Am wäitste vun der Zerstéierung ewech war d'Welt der „Doomsday Clock“ no am Joer 1991. Do hat se 17 Minutte viru Mëtternuecht ugewisen.