De Mëttwoch den Owend gouf dat neit Spidolsgesetz an der Chamber no ronn eng an engem hallwe Joer Diskussiounen ugeholl.

De Mëttwoch den Owend gouf an der Chamber den neie Spidolsplang ugeholl, dëst mat 32 jo- zu 26 Nee-Stëmmen. Een an en halleft Joer huet et gedauert fir d'Gesetz um Enn op d'Been ze stellen.

Wéi et am deementspriechende Regierungs-Communiqué heescht soll dat neit Spidolsgesetz déi néideg Adaptatioune mat sech bréngen, déi de Gesondheetsszoustand vun der Bevëlkerung, déi demographesch Evolutioun an déi medezinesch Fortschrëtter mat arechnen.

Changementer fir d'Patienten

Do ass et vir t'éischt emol eng Fixéierung vun der Verdeelung vun de verschiddene Servicer. An déi dréit der Rapportrice Cécile Hemmen no dozou bäi, dass all Bierger vum Land qualitativ d'selwecht ka behandelt ginn.

D'Rapportrice Cécile Hemmen:

Ma et ass awer och esou, dass bestëmmte Servicer, huele mir als Beispill emol de Service vun der « pédiatrie de proximité » maximal vun 3 Cliniquen, déi d'Konditiounen erfëlle kënnen ugebuede ginn. Domat soll virun allem den Zougang zu enger méi effikasser Medezin assuréiert ginn.

Keng Better spuere, ma Patientebetreiung verbesseren

Vill kritiséiert gouf de sougenannte „Virage ambulatoire“.

Ma hei geet et drëms fir ëmmer méi op de Wee vun enger ambulanter Patientebetreiung ze goen. Dat heescht de Patient gëtt ambulant traitéiert a soll am beschte Fall d'Clinique nach de selwechten Dag kënne verloossen op deem en an d'Spidol komm ass. Wat fir d'Kritiker eng Mesure ass fir Better ze spueren, war fir Cécile Hemmen eng Upassung un déi nei medezinesch Méiglechkeeten. Donieft muss de Patient ebe wéi gesot keng esou eng laang Zäit méi am Spidol verbréngen.

Vun enger grondleeënder Verbesserung huet d'Gesondheets- ministesch Lydia Mutsch an deem Sënn gëschter geschwat.

D'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch:

Dat selwecht huet och d'Rapportrice gemengt, déi dovu geschwat huet, dass am Resumé d'Gesetz déi medezinesch Prise en Charge méi gerecht géif maachen.

D'Rapportrice Cécile Hemmen:

Obligatoresch Dokumentatioun vu medezineschen Dossieren

An dann huet sech och eppes an der Dokumentatioun gedoen. Fir e bessere Suivi an Traitement vum Patient ze erméiglechen ass d'Dokumentatioun an d'Codifizéierung vun de medezineschen Dossieren obligatoresch. Domat soll dann och eng méi modern Organisatioun bannent de Spideeler erméiglecht ginn.

Méi Matsproocherecht fir Mataarbechter

Ma net nëmme fir d'Patiente wäert sech eppes änneren, och fir d'Mataarbechter vun de Cliniquen gouf et Changementer. D'Dokteren an d'Vertrieder vum Personal wäerte virun allem méi kënne matschwätzen. Esou wäerten d'Dokteren 2 Vertrieder am Conseil d'Administratioun hunn, een mat Stëmmrecht, deen aneren an enger consultativer Funktioun. Fir déi administrativ Mataarbechter ass et d'selwecht.

D'Spidolsgesetz wäert den 1. Mäerz a Kraaft trieden.