De Mëttwoch haten sech d'Déifferdenger a Suessemer Gemengevertrieder kloer géint eng Implantatioun vun der Entreprise zu Suessem ausgeschwat.

Zanter e puer Deeg ass jo de Bauprojet vun der Firma Knauf Insulation, eng Entreprise, déi Steewoll produzéiert, Géigestand vun der ëffentlecher Diskussioun. De Mëttwoch haten sech an deem Sënn d'Gemengevertrieder vu Suessem an Déifferdeng kloer géint eng Implantatioun vun dëser Entreprise an der Gemeng ausgeschwat. Den Donneschdeg huet sech dunn de Wirtschaftsministère zu Wuert gemellt an de Projet verdeedegt.

Bedenke bei Ëmweltbelaaschtung

Op der Pressekonferenz de Mëttwoch de Mueren hunn d'Gemengevertrieder gemengt, d'Steewoll-Fabrick géit d'Ëmwelt ze vill belaaschten. Net nëmmen den Energieverbrauch vun der Fabrick wier extrem héich, nee, och d'Emissioune stéieren d'Gemengevertrieder. A weider géif och soss d'Loft immens verknascht ginn, d'Offäll wieren extrem héich an duerch déi geplangte Camionstrajeten géif de Verkéier zousätzlech belaascht ginn.

An deem Sënn hu jo de Suessemer Buergermeeschter Georges Engel an de Roberto Traversini, also den Déifferdenger Buergermeeschter d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg opgefuerdert keng Autorisatioun fir d'Fabrick ze ginn.

Vill Konditiounen ze erfëllen

Ma den Donneschdeg huet sech de Wirtschaftsministère zu Wuert gemellt. An direkt am Ufank huet dee kloer gemaach, dass all europäesch Entreprise sech kann zu Lëtzebuerg nidderloossen, soulaang se déi legal a reglementaresch Konditiounen erfëllt an natierlech déi néideg Autorisatioun huet.

Och a Saachen Ëmweltschutz hätt een sech mat der Entreprise scho concertéiert.

Wéi et vum Ministère heescht hätt een Knauf Insulations iwwer d'Wichtegkeet informéiert op déi beschten a modernsten Technologien a Saache Filtratioun a Limitatioun vun den Emissiounen zeréckzegräifen.

Auswierkungen op d'Ëmwelt miniméieren

Am Produktiounsprozess wier et donieft wichteg, d'Auswierkungen op d'Ëmwelt esou wäit wéi méiglech ze minimiséieren. Zanter November 2016 hätt de Ministère dunn d'Entreprise mat de respektiven Administratiounen zesummebruecht fir d'Prozedure fir d'Autorisatiounen ze kréien ze klären. Dëst fir eben d'Exploitatioun vun enger Fabrick an der Aktivitéitszone „Gadderscheier“.

Steewoll passt perfekt an national Sanéierungs-Strategie

Et géifen dofir d'Exploitatiouns-Autorisatiounen fir e sougenannten „etablissement classé“ (commodo/incommodo) gefuerdert ginn. An do wieren dem Ministère no all d'Konditioune festgehalen, fir den Impakt op d'Ëmwelt ze limitéieren, d'Sécherheet vun den Aarbechter ze garantéieren an och soss d'Leit an der Ëmgéigend am generellen ze schützen. Nëmme wann dës Konditiounen all erfëllt wieren, da géif et eng Autorisatioun ginn, esou de Ministère nach.

An deen huet weider betount, dass d'Steewoll am Kader vu Renovatioune vum Staat subventionéiert gëtt. D'Steewoll géif domat voll an déi national Sanéierung-Strategie passen.