Bis ewell gouf iwwert de sou genannten 'WhatsApp Payment' just spekuléiert, elo schéngt et Realitéit ze ginn.

De Messenger Déngscht WhatsApp soll domadder ugefaangen hunn, d’Funktioun fir ze bezuelen anzesetzen. Heescht also dat een deemnächst iwwer WhatsApp bezuele kann. Dat ganzt géing de Moment an Indien getest ginn. Hei fannen Notzer d’Bezuelfunktioun schonns an der neier Beta-Versioun. Konkret wier de sou genannten WhatsApp Payment an den Astellungen integréiert. Vill Notzer hu schon ee Screenshot vun der neier Funktioun publizéiert. Hei gesäit ee wéi d’Registréierung dann ofleeft.

Den Notzer no, déi dat publizéiert hunn, muss ee fir d'éischt wéi sou dacks den Dateschutzkonditiounen zoustëmmen. Da kënnt eng Lëscht mat indesche Banken, an deem Fall déi de Bezueldéngscht vu WhatsApp ubidden. Hei wielt een dann seng Hausbank aus. Da gëtt den Account iwwert eng SMS, mat där Telefonsnummer confirméiert gëtt, verifizéiert.

Ob een d’Bezuelfunktioun, bei deem ee weider sensibel Daten u WhatsApp weider muss ginn, notze wëll, muss een da fir sech selwer entscheeden.

Frënn sollen sech iwwer Messenger géigesäiteg Sue bis zu engem bestëmmte Limit schécke kënnen. Et soll een doriwwer  Rechnunge bezuele kënnen, also Rechnungen a sou weider. WhatsApp géif dann an déi direkt Konkurrenz zu Ubidder wéi Paypal trieden.

Wéini an ob dat ganzt och an Europa kënnt, ass nach net gewosst. Bis ewell ass just Indien bekannt an do ginn et iwwer 200 Milliounen Notzer.