Am Kader vun der Fueszäit huet de Gesondheetsministère eng nei Campagne lancéiert déi op den Ëmgang mat Alkohol soll opmierksam maachen.

Fir vill Leit gehéiert de reegelméissegen Alkoholkonsum zum alldag. Ee Glas Wäi beim Iessen oder ee Béier am Café gehéiert iergendwéi dozou. Verschidde Leit iwwerdreiwen et a gi schwéier krank dovunner.

De Gesondheetsministère wëll mat enger neier Campagne mam Slogan “Moins d’alcool, plus de fun. Dites non au verre de trop” sensibiliséieren.

An der Moyenne drénke Jugendlecher well am Alter vu 16 Joer hiert éischt alkoholescht Gedrénks. Mat der Campagne wëll ee virun allem Jonker erreechen. D'Campagne fënnt een an de sozialen Netzwierker wéi Facebook an Instagram, et gëtt ee Spot deen iwwert de Radio leeft an natierlech ginn et grouss Affichen. Do dernieft gouf och ee Video gemaach, deen der hei gesidd:

Lauschtert hei d'Reportage aus der MorningShow mam Andy: