Ass d'Zoupeche vun der Kamera um Laptop, Tablet oder Smartphone en Zeeche vu Paranoia oder ass d'Angscht begrënnt?

Vill Leit maachen et, ma ass ee paranoid, wann een d'Kamera vu sengem Tablet oder sengem Laptop zoupecht? Nee mengen d'Experten, d'Virsiicht ass duerchaus begrënnt.

Sécherst Method fir sech ze schützen

An Däitschland sinn et enger Bitkom-Ëmfro no op mannst 27% vun de Befroten, déi dëst och maachen. Egal op Laptop, Tablet oder Smartphone – fir vill Leit ass et déi sécherst, respektiv déi eenzeg komplett sécher Method fir sech virun Hacker oder Kriminellen ze schützen.

Och den däitsche Verband Bitkom seet kloer: Wann e Gerät mat Schuedsoftware infizéiert ass, da kënnen d'Kamerae gesteiert ginn. Och den Ex-FBI-Chef James Comey hat schonn an enger Ried um Kenyon College 2016 geroden, d'Kameraen ofzepeschen well d'Gefor ausspionéiert ze ginn duerchaus reell wier.

Och de Mikro betraff

A wann een d'Webcam souwisou nëmmen heiansdo oder guer net notzt dann dierft et jo och kee Problem sinn déi einfach ofzepeschen. Ma wat een awer och muss soen: Wann ee ganz konsequent wëllt sinn, da muss een theoretesch och de Mikro ofpeschen.

Well deen ass nämlech genee esou steierbar, wéi och d'Kamera. Fir ze evitéieren, dass een also heemlech ofgelauschtert gëtt, misst een och deen zou pechen.

LED ass net zouferlässeg

Elo gëtt et jo awer u sech d'LED nieft der Kamera, déi weist, ob se un ass oder net.

Ma och dat hëlleft wuel net ganz vill. D'Luucht ass nämlech onofhängeg vun der Kamera steierbar. Dat heescht, wann elo een probéiert déi duerch Schuedsoftware ze steieren, dann ass déi am beschte Fall fir de Kriminellen esou programméiert, dass d'Luucht natierlech net mat ugeet. An den Experten no ass dat emol guer keng esou eng grouss Konscht.

Updaten a Vire-Scanner kënnen hëllefen

Vire-Scanner a Co. kënnen och eppes bréngen. An am aller schlëmmste Fall muss d'Gerät ebe formatéiert ginn, dat heescht all d'Daten um interne Späicher läschen fir domat och d'Schuedsoftware lasszeginn.

Interessanterweis sinn et virun allem déi jonk Leit, déi géintiwwer hirer Webcam mësstrauesch sinn. 38% vun de 14- bis 29-järegen hunn uginn, d'Webcam zouzepechen. Wat d'Leit méi al ginn, wat et hinnen ëmmer méi egal ginn ass.