US-Fuerscher wëllen erausfonnt hunn, dass den Undeel vu flüchtegen organesche Verbindungen un der Loftverschmotzung zouhëlt.

De Moment gëtt jo erëm ganz vill iwwer Diesel-Autoen an den Zesummenhang mat der Loftverschmotzung geschwat. Emissiounsrichtlinnen, Verbueter an de Stied an ëmmer nei Technologien sollen dëst jo ënner Kontroll bréngen. Ma dass och op ganz anere Plaze misst kontrolléiert respektiv gehandelt ginn, dat wëllen elo US-Fuerscher vun der Uni vu Colorado erausfonnt hunn. An dobäi geet et ganz banal ëm Parfum, Botzmëttel oder Faarf fir unzesträichen.

Quantitéit vergläichbar mat Autoofgasen

D'Fuerscher hunn am Resumé erausfonnt, dass ganz alldeeglech Produiten schiedlech Stoffer an d'Loft ofginn. A wéi vill Stoffer dat sinn, dat gouf de Fuerscher no bis ewell komplett ënnerschat – op mannst wat US-Amerikanesch Stied ugeet.
Do droen nämlech Produite wéi Faarwen, Botzmëttel, Parfum oder Pestiziden zu enger bestëmmter Zort vu Loftverschmotzung bäi, dëst an enger Quantitéit, déi vergläichbar mat den Autoofgasen an US-Stied ass.

Mir schwätzen hei vu sougenannte flüchtegen organesche Verbindungen, sougenannte VOCen. An d'Konzentratioun, déi an den USA aus Konsum- an Industrieartikelen kënnt, ass de Fuerscher no 2 bis 3 mol esou héich wéi bis ewell ugeholl.

Produiten deelweis predestinéiert Stoffer auszestoussen

De Problem ass dobäi och, dass vill Produiten, genee wéi de Bensin, dee bei den Autoe fir d'Ofgase responsabel ass, op Basis vun Ueleg produzéiert ginn. Woubäi ee muss soen, dass bei den Autoen de Bensin jo a Fässer oder soss Behälter, natierlech am beschten dicht verpak ass.
Verfléie kann also näischt oder net vill. Duerno gëtt de Bensin da verbrannt, wou zwar Ofgasen entstinn awer ebe keng VOCen.

Ma d'Fuerscher soen, dass déi flüchteg chemesch Produite scho bal predestinéiert sinn ze verdämpen. Esou entwéckelt e Parfum jo z.B. no sengem Gebrauch säin Aroma.

Undeel u Loftverschmotzung geet erop

Besonnesch an den industrialiséierte Groussstied an den USA wier den Undeel vun den aus Produite fräigesate Stoffer, déi d'Loft verknaschten héich. Wat awer nach dobäi kënnt, dat ass, dass den Undeel un der Loftverschmotzung och ëmmer weider eropgeet.
Well nämlech d'Autoen ëmmer méi propper ginn, sech bis ewell awer nach kee mat deem beschriwwene Phänomen beschäftegt huet.

Bleift nach ze soen, dass dem däitschen Ëmweltbundesamt no VOC-Quellen an zouene Raim däitlech méi gesondheetsschiedlech sinn, dëst z.B. a Form vun Faarwen. Lack, Pech, Botz- oder Fleegeproduiten. Wéi awer d'US-Fuerscher zesummefaassen, missten d'Emissiounsriichtlinnen duerch déi nei Resultater nei iwwerduecht ginn.