Fuerscher aus Frankräich no gëtt et wuel eng ganz nei Relatioun tëscht fréizäiteger Demenz an dem iwwerméissege Konsum vun Alkohol.

Et ass jo grad Faaschtenzäit an dass dat net schlecht fir de Kierper ass, do si mir eis jo alleguer eens. Mä wéi et schéngt huet dat ganzt och laangfristeg positiv Auswierkungen op dat mënschlecht Gehir.

Grousse Risk fir fréizäiteg Demenz

Wéi et nämlech haut aus engem Rapport aus Frankräich ervir geet stellt de reegelméissegen an iwwerméissege Konsum vun Alkohol e grousse Risk fir all Typ vun Demenzkrankheeten duer. Virun allem awer fir fréizäiteg Demenz. Dat ganzt baséiert op Donnéeën aus franséische Cliniquen.

E groussen Deel vu 57'000 ënnersichte virzäitegen Demenz-Fäll a Frankräich tëscht 2008 an 2013 ass also op Alkoholkonsum zeréckzeféieren. An zwar méi wéi d'Halschent vun dëse fréizäitegen Demenz-Fäll. Exzessiven Alkoholkonsum stellt de Fuerscher domat en 3 mol méi héije Risk duer fir un enger Demenzkrankheet ze erkranken.

Resultater wichteg fir Preventioun

Der Weltgesondheetsorganisatioun no leiden weltwäit ronn 47 Millioune Leit un Demenz. 60 bis 70% dovun hunn Alzheimer. Vu fréizäiteger Demenz schwätzt een iwwerdeems viru 65 Joer. A wéi d'Fuerscher schreiwen, misst den Alkohol de Resultater no als eng vun de gréissten Ursaache fir Demenz ugesi ginn, och wann nach weider Ënnersichunge misste gemaach ginn.

Relatioun tëscht Alkohol an ze héijem Bluttdrock

Iwwer de Grond fir de Lien tëscht Alkohol an Demenz sinn sech d'Fuerscher nach net ganz sécher. Wahrscheinlech ass et awer ganz einfach esou, dass den Alkohol net nëmme kuerzfristeg mä och laangfristeg Schied um Gehir uriicht. Donieft géif zesumme mat ze vill Alkohol de Bluttdrock an d'Luucht goen an e géif an Zesummenhang stoe mat Häerzproblemer an Diabetis.

An dës Facteure géifen déi vaskulär Demenz begënschtegen. Dëst ass eng Zort Demenz, déi duerch Duerchbluddungs-Stéierungen am Gehir ausgeléist gëtt.

D'Resultater goufen iwwregens an der Revue „Lancet Public Health“ publizéiert.