De Mobile World Congress zu Barcelona ass dëst Joer vum 26. Februar bis den 1. Mäerz. Ënnert anerem geet et ëm déi neisten Handyen a séieren Internet.

Vum 26. Mäerz bis den 1. Mäerz dréit sech um Mobile World Congress zu Barcelona alles ëm den Handy deen ëmmer méi clever gëtt. Et geet awer ënnert anerem och ëm Tablets, Aueren, oder Fitnesstracker.

Déi bekannt Marke wéi Samsung, Huawei, Sony a Co. presentéieren hir neiste Produiten. Et geet awer net nëmmen ëm eenzel Geräter beim Mobile World Congress mä och ëm d’5G-Netz. Et geet ëm bis zu 100 mol méi séier Dateverbindung. 10 Gigabit pro Sekonn a méi sollen dra sinn. D’Entreprise setzen dëst Joer méi wéi soss op 5G. Et wäerten nei Weeër presentéiert ginn, wéi sech mobil Geräter besser vernetze loossen.

Mat Sécherheet wäert de Kongress awer och Neiheeten a Saache virtuell Realitéit weisen. D’3D-Brëller ginn ëmmer méi beléift bei Videospiller a kéinten an Zukunft eng wichteg Roll um Marché vun der Technik anhuelen.