E Mëttwoch de Mëtten hunn d’Deputéiert an der Chamber iwwert d’Ännerungen am Lëtzebuerger Wahlgesetz diskutéiert an duerno ofgestëmmt.

Wat wäert sech änneren ? Bis ewell duerft een d’Bréifwahl nëmmen ufroe wann een iwwer 75 Joer al war, am Ausland gelieft huet oder aus perséinlechen oder beruffleche Grënn net an de Wahlbüro wiele konnt goen. Dofir huet de Wieler awer eng gülteg Erklärung misse virleeën. Um Enn huet de Schäfferot entscheet ob si dës Erklärung akzeptéieren oder net. An Zukunft brauch een esou eng Erklärung net méi. Et freet een d’Bréifwahl einfach un, an dat war et.

Wéi a wéini soll dës Bréifwahl ugefrot ginn ?

An Zukunft soll jiddereen iwwert myguichet.lu d’Bréifwahl ufroe kënnen. Et kann een awer och a seng Gemeng goen an do perséinlech ufroen. Wien zu Lëtzebuerg lieft kann d’Ufro fréistens 12 Woche virun der Wahl a spéitstens 25 Deeg virdru maachen. Fir déi Leit, déi am Ausland wunne gëtt den Delai op 40 Deeg virdru fixéiert. Et kritt een d’Pabeieren heem geschéckt, allerdéngs net méi iwwer Recommandé.

Wéi eng Vereinfachunge kommen nach ?

An Zukunft muss de Wieler just nach seng Carte d’identité oder säi Pass am Wahlbüro virweisen. Déi sou genannte Lettre de convocation muss een net méi dobäi hunn. Weider gëtt d'Participatioun vun Auslänner un de Gemengewahle vereinfacht. Wien un de Wahle wëll deelhuelen, dee muss just während de leschte 5 Joren um Stéck hei gelieft hunn. Fir blann Mënschen oder déi di net méi esou gutt gesi gëtt et an Zukunft eng sou genannte Wahl-Schabloun. Dës Persoune kënnen also ouni Hëllef wiele goen. Bis ewell huet ee vun enger Persoun misse begleet ginn, déi dann d’Kräiz op de Wahlziedel gemaach huet.

Wisou gouf een neit Wahlgesetz gestëmmt ?

An de leschte Joren hunn ëmmer méi Mënsche per Bréifwahl gewielt. D’Wahl-Participatioun ass iwwerdeems zeréckgaangen dat obwuel Wahl-Flicht besteet. Dës Entwécklung vun der Bréifwahl wëll d’Regierung notzen.

Wie kritiséiert de Gesetzprojet ?

Déi eenzeg Partei déi dogéint gestëmmt huet, war d'CSV. Si gesäit virop de geheime Vote a Gefor. En Argument dat all déi aner Parteien net gëlle gelooss hunn. Der CSV no géif an der Wahlkabinn keen engem iwwer d’Schëller kucken. Doheem um Familljendësch wier dat net de Fall. Sou kéinten Elteren zum Beispill hir Kanner beaflossen.