Bei Problemer mam Nieren wier et dacks esou, dass déi concernéiert Mamme falsch oder net genuch Informatiounen hätten, sot eis d'Initiativ „Liewensufank“.

An dofir gouf emol den Iwwerbléck iwwer d'Ernärung vu Kanner vu 4, 6 an 12 Méint gemaach.

Nieren ass am gesondsten

Wéi duerno och an de Schoule gëtt et och fir Bëbeeën eng Zort Ernärungsstrategie zu Lëtzebuerg, dat am Kader vun der Strategie „Gesond iessen, méi beweegen“. An do ass eben en integrale Bestanddeel déi gesond Ernärung vun de Bëbeeën.

Wann sech elo d'Experten eens sinn, dass fir Bëbeeën d'Nieren nach ëmmer déi beschte Method ass, huet d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch ënnerstrach, dass dëst aus verschiddene Grënn net ëmmer esou einfach méiglech ass. Vu kierperleche bis hin zu soziale Grënn geet do riets.

59% vun de Bëbeeën am Alter vu 4 Méint gi geniert

3'309 Mammen hunn un där Ëmfro deelgeholl, dat mat 3'375 Bëbeeën. An e bëssen iwwer 90% dovun hunn hiert Kand vun der Gebuert u geniert.

Am Alter vu 4 Méint goufen der nach 59% geniert, 33,1% dovun ass exklusiv op dësem Wee ernäert ginn. Am Alter vu 6 Méint waren et ëmmerhin nach 45% an ab 12 Méint nach 23,7%. Ma ëmmerhin 32% vun de Bëbeeën goufe scho virum Alter vu 4 Méint op anerem Wee ernäert.

Verschidde Problemer beim Nieren

An e bësse méi wéi der Halschent vun de Fäll war et ganz einfach esou, dass d'Mamm keng Mëllech méi hat. Bei 23% vun de Mamme louch et dorun, dass se erëm ugefaangen hu mat schaffen. 18% waren ze midd an an 13% haten d'Frae Problemer mat der Broscht.

Am groussen a ganze weist sech de Ministère awer zefridden, wat d'Evolutioun vum Nieren zu Lëtzebuerg ugeet.

Ënnerscheeder an der Lëtzebuerger Bevëlkerung

Elo gouf awer och gekuckt, wat d'Schwieregkeete beim Niere kënne sinn. An et gi signifikativ Ënnerscheeder, wann een déi verschidde Bevëlkerungsgruppe kuckt.

Am Rapport heescht et, dass et Gruppe vu Frae géife ginn, bei deenen de Risk net ze Niere méi héich wier. Dëst virun allem bei jonke Mammen, mat engem méi nidderege Bildungsniveau oder bei Fraen, déi a prekären Aarbechtssituatioune sinn.

Bleift nach ze soen, dass Lëtzebuerg am Verglach mat aneren EU-Länner, virun allem den nordesche Länner, nach ëmmer relativ mëttelméisseg a Saachen Nieren ass. Ma wéi gesot hätt sech den Taux vun de Mammen, déi hiert Kand nieren an de leschte Jore positiv entwéckelt.

Falsch Informatioune kënnen zu Problemer féieren – dofir sollt een sech Hëllef sichen

Wéi et vun der Initiativ „Liewensufank“ heescht géif et a Saachen Nieren awer dacks nach Problemer ginn, déi mat Hëllef vun der richteger Ulafplaz kéinte geléist ginn.

Op där enger Säit wier dëst d’“LaLecheLigue“ an d'“Initativ Liewensuffank“, déi eben och Berodungen iwwer d'Niere géif doheem ubidden an e Cours zum Thema géif proposéieren.

Dacks wier et nämlech esou, dass kee medezinesche Problem géif virleien an dass falsch Informatiounen oder Onwëssenheet de Problem wier.