Zanter e puer Wochen ass de Mëssbrauch vu Fernbusser fir Drogeschmuggel queesch uechter Europa am Gespréich.

An der Lescht hat jo Flixbus dorop higewisen, dass Pilotprojete géife lafen, fir den transeuropäeschen Drogeschmuggel mat de sougenannte Fernbusser mat Hëllef vu Kameraen ze ënnerbannen.

Wéi elo d'Police gemellt huet, gouf e Fernbus och an der Nuecht vun de Sonndeg op e Méindeg op der Stater Gare kontrolléiert.

De Bus mat 39 Passagéier u Bord war op der Gare ukomm. Bei 8 Passagéier hat den Drogenhond ugeschloen. 5 Protokoller goufe wéinst dem Besëtz vu Marihuana ausgestallt.

Bei enger weiderer Kontroll vum Bus konnt nach eng kleng Quantitéit u Cannabis fonnt ginn.