Den Dënschdeg gouf den éischte Plang presentéiert, deen d'Entwécklung vu multiresistente Bakterie soll an de Grëff kréien.

Schonn d'lescht Joer gouf dofir den éischten nationale Plang fir Antibiotiken annoncéiert. Den Dënschdeg gouf deen dann elo definitiv presentéiert. An éischter Linn geet et jo drëms fir d'Bildung vun antibiotika-resistente Keimer zu Lëtzebuerg ze evitéieren.

Reduktioun op allen Niveauen

Wéi d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch schonn d'lescht Joer an deem Kader sot, misst dofir an alle Beräicher zesummegeschafft ginn. Dëst fir eben den iwwerméissege Konsum vun den Antibiotiken zu Lëtzebuerg an de Grëff ze kréien.

Ma nieft der Medezin fir Mënschen wëllt ee mat deem Plang och aner Secteuren uschwätzen, ënner anerem d'Fuerschung, déi professionell aus de Gesondheetsberuffer an natierlech och d'Landwirtschaft.

Traitement ëmmer méi schwéier

An d'Warnunge vum Gesondheets- awer och dem Landwirtschaftsministère klénge jo relativ urgent, dat net nëmmen op nationalem Niveau. Well eben an der Déieren- an Humanmedezin an de leschte Joren massiv op Antibiotiken zeréckgegraff gi wier, hätten sech d'Resistenzen ëmmer méi séier entwéckelt.
An dëst bréngt ebe mat sech, dass verschidde Krankheeten, déi nëmmen duerch Antibiotiken ze traitéiere sinn ëmmer méi schwéier behandelt kënne ginn.

25'000 Doudeger d'Joer an der EU

Eleng an Europa géife Schätzungen no all Joer ronn 25'000 Persounen un de Folge vun Infektioune mat multiresistente Bakterië stierwen. Weltwäit kéint dëse Chiffer 10 Milliounen d'Joer 2050 erreechen. Ma nieft dëser mënschlecher Katastroph huet dat ganzt och ekonomesch Suitten.

1,5 Milliarden Euro Schued

D'EU schätzt nämlech hei, dass eng 1,5 Milliarden Euro d'Joer wéinst dem Traitement vu multiresistente Bakterië verluer ginn. Zu Lëtzebuerg konnt d'Consommatioun vun Antibiotike während der ambulanter Behandlung an de leschte Joren awer däitlech reduzéiert ginn.

Och wat d'Prescriptiounen ugeet gouf et eng Baisse vun 10%. Ma am Wanter géif dësen Taux awer massiv klammen, heescht et am deementspriechende Communiqué.

Konsum zu Lëtzebuerg relativ héich

Wann ee Lëtzebuerg am europäesche Verglach kuckt, da läit de Grand-Duché op enger 7. Plaz ënnert 30 Länner, wat d'Consommatioun ugeet – dat heescht déi ass zu Lëtzebuerg ëmmer nach relativ héich.

Déi konkret Mesure ginn dann iwwer d'Gouvernance, d'Preventioun, d'Sensibiliséierung, d'Recherche an d'Iwwerwaachung bis hin zu engem besseren Traitement a méi geziilten Diagnosen. Dat ganzt eben net nëmme beim Mënsch mä och bei der Déieremedezin an der Landwirtschaft.