De Parquet wërft dem däneschen Ingenieur Peter Madsen vir déi schwedesch Journalistin Kim Wall gefoltert, ëmbruecht an d'Läich maltraitéiert ze hunn.

Et ass eng Dot, déi, wat méi Detailer un d'Liicht kommen ëmmer méi onrealistesch schéngt a bei där am Ufank keen, emol net d'Ermëttler konnten ofgesinn, wéi grujeleg déi ganz Affär wier.

Den Donneschdeg fänkt de Prozess géint den däneschen Ingenieur Peter Madsen un.

No Treffen op U-Boot verschwonne

Et war den 10. August d'lescht Joer. Déi 30 Joer al schwedesch Journalistin Kim Wall, déi ënnert anerem fir de „Guardian“ an d'“New York Times“ geschriwwen huet, huet grad en Abschidsfest gefeiert. E puer Deeg drop sollt si mat hirem Frënd a China goen.

D'Journalistin hat dunn d'Feier verlooss an den Erfinder am Hafe vu Kopenhagen op deem sengem U-Boot besicht, well se eng Reportage iwwer de Madsen schreiwe wollt. Den Dag drop ass d'Boot ënnergaangen, de Madsen konnt gerett ginn, vun der Journalistin huet awer all Spuer gefeelt.

Parcours vu widderspréchlechen Aussoen

Am Ufank huet de Madsen nach gesot, en hätt d'Kim Wall u Land ofgesat an e wéisst emol net genee, wien d'Fra wier. E bësse méi spéit huet hien du vun engem déidlechen Accident geschwat. D'Dier vum U-Boot wier der Journalistin op der Kapp gefall an a Panik hätt hien d'Läich iwwer Bord gehäit. 11 Deeg no der Visitte gouf du virun der Küst vu Kopenhagen den Uewerkierper vun der Journalistin entdeckt. Am Oktober hunn Taucher a Plastiksäck am Mier dunn d'Kleeder an d'Been vun der Fra fonnt.

Ermëttler gi vu sexuelle Motiver aus

D'Geriichtsmedeziner hunn awer keng Indice fonnt, déi d'Geschicht mam Accident kéinte beleeën.

Zanter dass d'Kierperdeeler fonnt goufe kooperéiert den Ingenieur och net méi mat den Autoritéiten. D'Ermëttler ginn awer vu sexuelle Motiver aus. A sengem Atelier goufen nämlech Videoe fonnt, an deene Frae gefoltert, gekäppt oder lieweg verbrannt ginn.

Un der Läich vun der Journalistin goufen iwwerdeems och 14 Stéchwonnen am Genitalberäich entdeckt. A wéi et vun der Police heescht hätt sech de Madsen kuerz nom Dout vun der Journalistin sexuell un der Läich vergaangen.

D'Ermëttler ginn och dovun aus, dass dat ganzt virsätzlech geschitt ass, well de Madsen eng See, e schaarfe Schrauwenzéier, Rimmer a Réier mat u Nord bruecht hat.

D'Uerteel gëtt sech fir de 25. Abrëll erwaart.

Schwieregen awer genialen Autodidakt

Hei ass de Peter Madsen net esou bekannt, an Dänemark awer schonn. Vill Landsleit hunn den Autodidakt bewonnert. Nieft engem U-Boot hat hien och selwer Rakéite gebaut an och erfollegräich getest.
Ma säin Ëmfeld beschreift den Erfinder als fanatesch, sträitsüchteg an als léif ausgedréckt „schwiereg“. Och hie selwer huet sech als „Fluch fir seng Ëmwelt“ beschriwwen.

De Parquet wërft dem däneschen Ingenieur Peter Madsen vir déi schwedesch Journalistin Kim Wall gefoltert, ëmbruecht an d'Läich maltraitéiert ze hunn.