Zwar fänkt u sech um Dënschdeg d'Fréijoer dem Kalenner no un, d'Wieder huet dat awer nach net esou richteg matkritt.

3 x Fréijoersufank

U sech ginn et jo ganzer 3 Ufäng fir d'Fréijoer, eben dee kalendareschen, dee fir déi nächsten 29 Joer op den 20. Mäerz fält, dann dee meteorologeschen, deen den 1. Mäerz ugeet an dee sougenannte phenologeschen. An deen ass net esou richteg virauszegesinn.
E baséiert nämlech op der Entwécklung vu verschiddene Planzen. An dat kann ebe regional Ënnerscheeder hunn.

Kalendareschen Ufank ëm 17:14:33 Auer

Ma zanter den Dënschdeg ass et eben och dem Kalenner no Fréijoer. Dat heescht relativ vereinfacht, dass d'Nuecht genee esou laang ass, wéi den Dag. Ma dës exakt Mëttelpositioun dauert streng geholl nëmmen e ganz kuerzen Ablack.

Wa mir et also ganz genee huelen da läit de kalendareschen Ufank vum Fréijoer exakt den Dënschdeg ëm 17:14:33 Auer .

Verschidde Rechnunge suerge fir Divergenzen

Dat ass awer nëmme bis zum Joer 2047 esou, bis dohi pendelt sech den Zäitpunkt ëmmer bannent dem 20. Mäerz an. Well awer dat mëttelt Kalennerjoer vun 365,25 Deeg am verglach zum sougenannten tropesche Joer e bëssen ze laang ass, geet d'Rechnung net ganz op.

Am Schaltjoer 2048 wäert de Fréijoersufank op den 19. Mäerz falen an sech duerno tëscht dem 19. an dem 20. ofwiesselen. Am Joer 2102 wäert en dann duerch d'Rechnungsweis vum gregorianesche Kalenner erëm op den 20. an den 21. Mäerz falen.

De Weekend gëtt et méi sonneg an och méi waarm

Vun de Freideg un klammen d'Temperaturen erëm, och an der Nuecht wäerten se awer nach ënner dem Gefréierpunkt leien. Zwar reent et vun den Donneschdeg un an och d'Sonn brauch nach e bësse fir eraus ze kommen. Mä trotzdeem – et gëtt méi waarm.

De Samschdeg kënnen et esouguer tëscht 7 an 9 Grad ginn... am Dag wuelgemierkt. An der Nuecht leien d'Temperaturen awer weider ëm de Gefréierpunkt. Dat selwecht gëllt fir de Sonndeg, ma ëmmer méi kënnt dann och d'Sonn eraus.

Bis op mannst de Freideg wäert et iwwerdeems och relativ naass ginn, och wann d'Temperature klammen.