De Méindeg am Nomëtteg kruten 3 Persounen op verschiddene Plaze bannent nëmmen enger Stonn den Handy vun deem selwechten Täter geklaut.

Wéi d'Police matdeelt, goufen de Méindeg am Nomëtteg op direkt 3 Plazen Handye vun deem selwechten Täter geklaut. Dëst war bannent e bësse manner wéi enger Stonn zu Schëffleng, zu Suessem an zu Déifferdeng de Fall.

All Kéiers waren et Passanten, déi vum Täter attackéiert gi sinn an den Handy aus der Hand gerappt kruten. No der Dot ass den Täter dunn an en Auto geklommen, an deem schonn zwou weider Persounen dra souzen.

D'Täter wieren a Richtung Frankräich geflücht. Éischten Ermëttlungen no géif et sech méiglecherweis ëm e roude Citroën mat auslännesche Placken handelen.

De Moment gëtt nom Täter a sengen zwee Komplize gesicht.