Wéinst der zweeter Well vum Coronavirus gouf de Start vu ville Filmer erëm verréckelt.

Duerch de Coronavirus goufe sämtlech Filmer verréckelt, déi am Fréijoer hätte sollten an de Kino kommen. Bedéngt duerch déi aktuell zweet Well, goufen och elo déi nei Datumer vu verschidde Blockbuster am Summer annuléiert.

- Mulan (ob onbestëmmten Zäit pauséiert)
- Tenet (ob onbestëmmten Zäit pauséiert)

- A Quiet Place 2 (22. Abrëll 2021)
- Top Gun - Maverick (01. Juli 2021)
- Jackass 4 (02. September 2021)
- Spider-Man 3 (16. Dezember 2021)
- Sonic The Hedgehog 2 (07. Abrëll 2022)

Och déi nei Star Wars Filmer (iwwer déi bis elo nach Näischt gewosst ass) ginn em jeeweils ee Joer verréckelt. Den éischten Deel vun der neier Trilogie vum Regisseur Taika Waititi kënnt also eréischt den 21. Dezember 2023 an de Kino.

Schlecht Nouvellen gouf et och fir Fans vun Avatar. Déi véier Fortsetzungen vum Blockbuster aus dem Joer 2009, goufen och elo verréckelt. Avatar 2 kënnt eréischt den 15. Dezember 2022. De leschten Deel, Avatar 5 eréischt den 21. Dezember 2028.

Verschidde Blockbuster wéi James Bond - No Time to Die, Black Widow oder och Wonder Woman bleiwen aktuell nach bei hiren Datumer am zweeten Deel vum Joer 2020.