D'Schauspillerin huet sech rezent zum Impakt vu sengem neie Blockbuster geäussert.

Zanter Jore stinn Hollywood an déi verschidden Institutiounen aus der Filmbranche wéinst Gläichberechtegung an der Kritik. Am Joer 2020 verdénge vill weiblech Schauspillerinnen nach ëmmer manner wéi hir männlech Kolleegen an och weiblech Produzenten, souwéi Regisseure bleiwe bei gréisse Präisiwwerreechunge gréisstendeels op der Stréck.

Dat soll sech am Laf vun de nächste Joren awer änneren. D'Oscaren zum Beispill setzen sech fir méi Diversitéit an a wëlle scho vum nächste Joer un méi op Gläichberechtegung setzen. Sou solle schwaarz an asiatesch Schauspiller déi selwecht Unerkennung kréie wéi wäisser. Och wëll een eege Kategorië fir Fraen aféieren.

Dat wier e wichtege Schrëtt, fënnt och d'Schauspillerin Charlize Theron, déi mam rezente Blockbuster The Old Guard ee vun den erfollegräichsten Netflix-Filmer iwwerhaapt op de Marché bruecht huet. Realiséiert gouf de Film nämlech vun der weiblecher Regisseurin Gina Prince-Bythewood.

Lauschtert hei d'Ausso vun der Schauspillerin