Den Andrew Lloyd Weber huet sech zum Film Cats geäussert.

Cats zielt bis haut zu den erfollegräichste Musicals vun allen Zäiten. De Kinosfilm, dee virun engem Joer erauskomm ass, war allerdéngs e komplette Flopp. En war esou schlëmm, dass en zu Lëtzebuerg guer net eréischt an de Kino komm ass. Do hunn och keng Schauspiller wéi Taylor Swift, Idris Elba an James Cordan gehollef. Kritiséiert goufe virun allem déi bëlleg Effekter.

Elo huet sech den Andrew Lloyd Webber zu Wuert gemellt. Hien ass Regisseur vum Musical an huet gesot:

"Wann een sech als Filmregisseur keng Hëllef bei de Responsabel vum Musical siche geet, da brauch een sech net ze wonneren!"

Rappell vun eiser Kino-Redaktioun: Egal op wéi enger Streamingplattform Cats eng Kéier erauskënnt, kuckt de Film Bitte net!