Netflix huet nei Detailer zu La Casa de Papel publizéiert.

La Casa de Papel (Money Heist oder Das Haus des Geldes) ass mat eng vun de erfollegräichsten Netfix-Serien iwwerhaapt.

Déi 5. Staffel, déi am Summer 2021 erauskënnt, soll zäitgläich och déi lescht sinn. Dat hunn d’Produzente vun der Serie confirméiert. Ma et gëtt zanter Méint gemunkelt, dass dono verschidde Spin-Offs sollen erauskommen. Genuch interessant Charaktere ginn et jo an der Serie.