Disney huet bekannt ginn, dass de Blockbuster net méi wäert an de Kino kommen.

Wéinst dem Coronavirus huet den Disney-Blockbuster Mulan schonn e puer Mol misse verréckelt ginn. Geplangt war am Ufank e Release am Mäerz, dono am Juli, dann am August a virun zwou Woche gouf de Start op onbestëmmten Zäit pauséiert.

Elo huet Disney bekannt ginn, dass de Film net méi wäert an de Kino kommen. E soll vu September un direkt um Streamingdéngscht Disney + disponibel sinn, dat fir e Präis vu 25 Euro.

Dës Decisioun gëllt fir d‘USA well hei nach vill Kinoen zou sinn. Fir Lëtzebuerg gouf nach keng endgülteg Decisioun getraff.

Als Trouscht: Disney+ kënnt bei eis zu Lëtzebuerg pünktlech fir September op de Marché.