Lionsgate huet e fënneften Deel vun der Action-Franchise confirméiert.

Dës Woch goufen et verschidden Iwwerraschunge bei der Produktiounsfirma Lionsgate.

John Wick 4 mam Keanu Reeves kënnt de 27. Mee 2022 an de Kino. Ma elo gouf bemol e fënneften Deel confirméiert. Dëse wéilt een dann zäitgläich mam véierten Deel dréinen a produzéieren. Gutt fir d’Fans, mat Chance géif de fënneften Deel vun der Action-Rei da schonn 2023 an de Kino kommen.