Vill Fans fäerten, dass Black Widow dëst Joer net méi wäert an de Kino kommen.

Lescht Woch huet Disney bekannt ginn, dass de Blockbuster Mulan wéinst der Corona-Pandemie net méi wäert an de Kino kommen. Amplaz kënnt de Film direkt fir 25 Euro op Disney + eraus.

Fans vu Marvel fuerderen elo dat nämmlecht fir Black Widow. De Superhelde-Film mam Scarlett Johannson ass aktuell jo fir Oktober/November datéiert, ma vill Fans fäerten, dass de Film op e Neits verréckelt gëtt.

Disney huet allerdéngs bekannt ginn, dass ee nach net sécher ass, wéi een de Recht vum Joer mat de jeeweilege Filmer wëll weiderfueren.