Spillt den Tom Hanks an Zukunft eng wichteg Roll beim Pinocchio-Remake?

Disney bréngt an de nächste Joren e Remake vum Klassiker Pinnochio aus dem Joer 1940 eraus.

Regie féiert de Robert Zemeckis, deen och scho fir Back to the Future responsabel war. Rumeure behapten, dass keen aneren wéi den Tom Hanks d’Roll vum Geppetto soll iwwerhuelen. Passe géif et, ëmmerhin hunn de Schauspiller an de Regisseur scho bei fréiere Filmer wéi Der Polar Express oder Forrest Gump zesummegeschafft.