Den Joe Mangianello, ënnert anerem bekannt duerch de Film ''Magic Mike’’, klëmmt elo an eng ganz aner Roll.

Superheldefilmer ginn et der jo mëttlerweil wéi Sand um Mier. Wat net heescht, dass d'Produktioun vun esou Filmer gestoppt gëtt. Et ass esouguer de Géigendeel de Fall. ''Archenemy'' ass e weidere Superhelde Film deen nächst Joer soll eraus kommen.

De Max Fist, gespillt vum Joe Manganiello, ass een op der Äerd gelante Superheld aus enger anerer Dimensioun an deem seng Fäegkeete beim Ukommen op eisem Planéit verluer gaange sinn. Zumindest mengt hien dat. Séier gëtt hien eng wichteg Hëllef fir en örtlechen Drogekreess auszeschalten.

Geplangt ass de Film fir 2021. Ob deen allerdéngs an d’Kinoe kënnt, oder direkt op de Streaming Déngschter wäert accessibel sinn, ass nach net gewosst.