Geplangt ass, d’ Serie aus den 80er an eng modern Versioun ze verwandelen. Allerdéngs a Form vun engem Film.

Mam Film ''Knight Rider'' soll deemnächst eng vun deenen ikoneschste Serien aus dem 80er nees op d'Leinwand kommen, dat natierlech a Form vun engem Remake.

Wéi d'Zäitschrëft ''Deadline'' matgedeelt huet hëlt sech ''Spyglass Media Group'' der ganzer Saach un. De Studio huet och schonn e Produzent fonnt an zwar soss keen anere wéi de ''Fast & Furious 7'' Regisseur, James Wan.

De Michael Knight a säi mat kënschtlecher Intelligenz ausgerüsten Auto, fannen also hire Wee op d'Leinwand. Gespillt gëtt de Michael hei net wéi am Original vum David Hasselhoff. Wien déi grouss Roll kritt a wéini de Film eraus kënnt ass nach net gewosst.

E kuerzen Optrëtt vum Hasselhoff ass awer bis elo nach net ausgeschloss.