Et ass e Film dee ganz aus der Perspektiv vun engem Mann gefilmt ass, deen op den Display vum Laptop kuckt.

Wien da Loscht op e bëssen Horror huet, fir deen ass vum 18. August un ''Searching'' op Netflix ze gesinn.

Dem David Kim, gespillt vum John Cho, (deen och duerch d’Filmer American Pie bekannt ginn ass) seng Duerschter gëtt vermësst. Wéi d’Police allerdéngs an den Ermëttlungen net wierklech viru kënnt, beschléisst den David sech an de Laptop vu sengem Meedchen Margot eran ze hacken an esou Informatiounen ze sammelen.

Dat kuriéist um Film ass, dass e ganz aus der Perspektiv vun engem Mann gefilmt gëtt, dee beim Laptop sëtzt. Déi ganz Zeenerie spillt sech also um Bildschierm vun engem Computer of.