De Christopher Nolan presentéiert e Blockbuster, dee sech loune soll.

Fënnef laang Méint huet et gedauert, bis dass den éischte grousse Blockbuster zanter dem Ufank vun der Pandemie an de Kino kënnt. Tenet heescht eisen Eldoradio Film vun der Woch. Eng Produktioun vum Christopher Nolan, dee jo och scho fir Blockbuster wéi The Dark Knight, Inception oder Dunkirk responsabel war. Mat dobäi de Robert Pattinson an den John David Washington, de Bouf vum Oscar-Gewënner Denzel Washington, an den Haaptrollen.

D’Geschicht vum Film ass schwéier ze erklären an dat ass och gewollt, well am Ufank vum Film gëtt gesot, "probéier net et ze verstoen". Esouguer d’Schauspiller wësse bis haut nach net richteg, wat do iwwerhaapt alles geschitt. Et geet amfong ëm d’Enn vun der Welt, dat muss verhënnert gi mat Hëllef vun enger Spionage-Organisatioun a mat enger Zort Zäitreesen, méi genee sinn et Inversiounen. Donieft e russesche Gangster, deen eng Waff aus der Zukunft huet.

Tenet ass wéi e grousse Puzzle. E Film, deen ee vläicht e puer Mol muss kucke goen. D'Kritiker sinn allerdéngs all iwwerzeegt. Iwwer 80% kritt de Film. Gutt Schauspiller a virun allem richteg cool Action an impressionant Biller. A genee dat ass et jo, dat mir elo méintlaang esou vermësst hunn. Tenet, eisen Eldoradio Film vun der Woch. Sollt een sech ukucke goen an eis Eldo-Kino-Redaktioun freet sech, endlech erëm kënnen am Kino ze sëtzen.