Während dem DC Fandome gouf et fir d'Fans verschidden Iwwerraschungen.

Leschte Weekend, méi genee den 22. August, gouf et den traditionellen DC Fandome. Wéinst dem Coronavirus gouf d‘Event dëst Joer online ofgehalen. D’Fans goufen net enttäuscht well DC Comics a Warner Bros. hu nämlech direkt e puer interessant Trailere gewisen. Mat dobäi war ënnert anerem den Trailer vu Wonder Woman 1984, en éischte Bléck op de Cast vum neie Suicide Squad vum Regisseur James Gunn an als Highlight ganz kloer den Trailer vum neie Batman. Hei steet jo de Robert Pattison an der Haaptroll.