Netflix huet dës Woch de Cast vum Pinocchio-Renake virgestallt. Mat e puer Iwwerraschungen...

1940 huet Disney de Klassiker Pinocchio erausbruecht. An de nächste Jore sollen zwee verschidde Remaken erauskommen. Ee vun Disney selwer an ee vu Netflix. Dee vum Streamingdéngscht gëtt produzéiert vum Regisseur Guillermo Del Toro.

Dës Woch gouf de Cast annoncéiert a mat dobäi sinn ënnert anerem den Ewan McGregor, den David Bradley, de Christoph Waltz, d’Cate Blanchett an de Pinocchio gëtt gespillt vum Newcomer Gregory Mann.

En Datum fir de Film gëtt et bis elo nach net.