Eng weider Aventure vum Hercule Poirot kënnt an de Kino.

2017 ass de Film Mord im Orient-Express erauskomm. De Blockbuster huet op engem Roman vum Agatha Christie aus dem Joer 1934 baséiert. D’Schrëftstellerin huet donieft nach déi eng oder aner Fortsetzung geschriwwen, ënnert anerem Death on the Nile. Dës Geschicht gouf elo nei verfilmt a kënnt den 22. Oktober an de Kino.

An der Roll vum Detektive Hercule Poirot steet op e Neits de Kenneth Branagh. Aner Star-Besetzunge sinn zum Beispill d’Wonder Woman Schauspillerin Gal Gadot.