No Videospiller a Blockbuster soll Resident Evil och elo an enger Serie behandelt ginn.

Resident Evil zielt bis haut zu den erfollegräichsten Horror-Franchises iwwerhaapt. Zanter 1996 sinn eleng 11 verschidde Videospiller erauskomm, déi fënnef Mol mam Milla Jovovich an der Haaptroll verfilmt goufen. Donieft gouf et CGI-Filmer, Comics a Romaner.

Wéi den Hollywood Reporter mellt, soll Netflix an Zukunft eng Serie erausbréngen, déi d'Geschicht an aacht Deeler soll weider erzielen.

Responsabel ass den Andrew Dabb, dee scho fir d'Mystery-Serie Supernatural responsabel war. Ënnerstetzung kritt hie vum Robert KulzerBrownen Hughes, déi schonn an der Vergaangenheet bei de Blockbuster mat dobäi waren.

D'Geschicht vun der Serie soll an zwee Deeler erzielt ginn. Op der enger Säit geet et ëm déi zwee Wesker-Schwësteren an der Stad Racoon City. Op der anerer Säit spillt d'Geschicht am Joer 2036 zu London. D'Welt ass viru 14 Joer ënnergaangen a just 15 Millioune Mënsche kämpfe géint 6 Milliarde Monsteren ëm d'Iwwerliewen.

Wéini d'Serie erauskënnt, respektiv wien matspillt, ass nach net gewosst.