Et gëtt en neie Virgeschmaach op de leschten James Bond Film mam Daniel Craig als 007.

„James Bond: No Time to Die“ sou heescht den neie James Bond Film, dee jo wéinst dem COVID-19 op Enn vum Joer verréckelt ginn ass.
Et ass en 2ten Trailer deen elo nach eng Kéier richteg Loscht op den neie Bond Film mécht. De Filmstart gouf jo wéinst dem Coronavirus vum 2ten Abrëll op den 12te November verréckelt.

Gesäit dach scho mol gutt aus?!

Titelsong "No Time To Die" kënnt jo vum Billie Eilish.