Vum 15. September un kann ee Mulan vun doheem aus kucken.

Wéinst dem Coronavirus huet den Disney-Blockbuster Mulan schonn e puer Mol misse verréckelt ginn. Geplangt war am Ufank e Release am Mäerz, dono am Juli, dann am August an dunn gouf de Start op onbestëmmten Zäit pauséiert.

Virun e puer Wochen huet Disney bekannt ginn, dass de Film net méi wäert an de Kino kommen. E soll vu September un direkt um Streamingdéngscht Disney + disponibel sinn, dat fir e Präis vu 22 Euro.

Passenderweis kënnt Disney + hei zu Lëtzebuerg de 15. September op de Marché.

Den Tipp vun eiser Redaktioun: Wien wëll spueren, sollt bis den 04. Dezember waarden. Dann kann ee Mulan nämlech ganz ouni Zousazkäschten mat normalem Abbo kucken.