Wéinst "The Mandalorian" war den Optakt vun Disney + an den USA e grousse Succès.

Den 18. Dezember 2019 ass Star Wars: Episod IX - The Rise Of Skywalker an de Kino komm. Um éischte Weekend huet d'Final vun der Saga weltwäit 347 Milliounen Dollar agespillt. Dat ass am Verglach zu senge Virgänger Episod 7 (517 Milliounen) an Episod 8 (450 Milliounen) relativ wéineg. Zuelen, déi op der enger Säit domat zesummenhänken, dass vill Fans sech einfach méi vum Film erwaart hunn.

Jiddereen, deen Episod IX net gutt fonnt huet, dierf sech allerdéngs op de 15. September freeën. Dann kënnt bei eis zu Lëtzebuerg de Streamingdéngscht Disney + op de Marché, deen an den USA bis elo gutt ofgeschnidden huet. Mat responsabel fir de Succès ass The Mandalorian, eng Serie am Star Wars Universum.

Déi éischt Staffel huet d'Fans an d'Kritiker iwwerzeegt. 
Op der enger Säit ass The Mandalorian relativ almoudesch. Déi verschidden Episode sinn eenzel Aventuren an net wéi bei "Game Of Thrones" oder "Breaking Bad", eenzel Abschnitter vun enger grousser Story. Op der anerer Säit sinn et virun allem d'Figuren, d'Léift zum Detail an déi vill kleng Uspillungen un d'Star Wars Filmer, déi iwwerzeegen.

Déi zweete Staffel soll dann och schonn den 30. Oktober erauskommen.